Samuel Hamen
Marc Angel

ZEEECHEN

Erzielungen a grafesch Geschichten
80 Säiten
Hardcover
190 x 250 mm



ISBN 978-99959-42-56-4

24,00 €


Inhalt

Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op
där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn.

Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter
op der Schoulbänk.

Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge grafesche Geschichten erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten
a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approche
zu Figuren, Plazen a Motiven ze erkennen ass.




autor

Samuel Hamen

mehr erfahren

bücher des autors

V wéi vreckt, w wéi Vitess

mehr zum Buch

autor

Marc Angel

mehr erfahren