Jhemp Hoscheit

Sorry fir deen Duercherneen

Satiresche Réckbléck op 2016
Englesch Broschür
92 Säiten
124 x 210 mm



ISBN 978-99959-42-21-2

16,00 €


Inhalt

Sorry fir deen Duercherneen ass en ofwiesslungsräiche politsatiresche Réckbléck iwwert dat, wat 2016 uechter d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Kommentaren. Et si keng eenzel Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en zesummenhängenden Text, a Form vun engem Rollespill.

Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit zesumme mam Museker Jules Arpetti – am Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt de 26. Januar 2017 am Centre National de Littérature zu Miersch opgefouert.

 

Satir ass och ëmmer e Stéck Literatur … Fir politesch a gesellschaftlech Mëssstänn

opzedecken an se z’entlarven, brauch een en anere Bléckwénkel, dee verzerrt, awer ni verschéinert. Dofir mécht den Auteur sech d’Sprooch zu eegen a benotzt verschidde Stilmëttelen, wéi Komik, Polemik, Humor, Ironie … Wéi eng Pëll, déi berouegt,

awer net aschléifert, reegt d’Satir zum Laachen un a léist nach eng ganz aner

Niewewierkung aus: Si rëselt waakreg …

 

Auszug:

B: Wien huet dann déi 4. Fro – d’Trennung vu

Kierch a Staat – aus dem Referendum geholl? Fräiwëlleg!

A: Do huet de Jean-Claude Hollerich sech an

d’eegent Fleesch geschnidden.

B: Neen! De Kersch an de Bettel hunn e menacéiert.

De fréiere Generalvikar Mathias Schiltz sot, de Bëschof

hätt d’Konventioun „mat der Pistoul op der Broscht

ënnerschreiwe missen. An den Erny Gillen, den

deemolege Generalvikar, hätt him „den Aarm gebéit“.

A: Vreck! Dat ass jo sou wéi bei der Mafia! Mee so!

Wann de Gillen dem Bëschof den Aarm gebéit huet,

dann hätt de Bettel him en Disziplinarverfahren

undreeë missen.

B: D’Verwarnung spuert en sech fir en aneren

Aarmverbéier op! Affaire à suivre



Pressestimmen

Sorry fir deen Duercherneen
 mam Jhemp Hoscheit a Julien Arpetti

Grouss Begeeschterung vum Publikum an e ganz gelongenen Owend. 
Dem Jhemp Hoscheit säi kabarettistesche Joresréckbléck, virgedroen am Dialog mam Julien Arpetti, stécht eraus duerch seng schaarfsënneg Analysen, seng elaboréiert an dacks iwwerraschend Wuertspiller, mee och duerch seng besënnlech Momenter.
 Mat engem grousse Gespier fir de Rhythmus, enger perfekter Harmonie a mat vill Engagement, hunn déi zwee Kënschtler d'Publikum vun Ufank bis zum Schluss matgeholl. Déi musikalesch Passagen stiechen nach eng Kéier besonnesch eraus.

(Patrick Arendt)




autor

Jhemp Hoscheit

mehr erfahren

bücher des autors

L’IMAGINATION

mehr zum Buch