Roland Harsch

RASCH(T) AUER

Gedichter a Prosa
280 Säiten, 150 x 250 mm
Gebonnen mat Schutzëmschlag a Liesbännchen



ISBN 978-2-87954-286-7

28,00 €


Inhalt

Roland Harsch beschäftegt sech an dësem Wierk mat der Vergänglechkeet vun der Zäit. An enger Zäit, wou jiddweree behaapt, hien hätt keng Zäit, huet de Roland Harsch versicht, se unzehalen.

Gedichter a Prosa wiessele sech rhythmesch of. De Roland Harsch beschreiwt op seng gewinnt amüsant a geeschtvoll Manéier d’Konscht vun der Eegenanalys an dem Haltmaachen – de Géigendeel vun der alldeeglecher „Rush-hour“
 

 

Tëschent där enger an där aner Rasch-Auer (rush-h our),

wou alles „rasch, rasch“, séier, séier muss goen, kënnt och

ëmmer mol rëm eng Rascht-Auer, eng Zäit fir sech

auszeraschten, fir sech z’erhuele vun deene sëlleche Strapaze

vum stressegen Alldag, eng Zäit, wou een nodenke kann

iwwert dat, wat een erlieft huet, wou een dat verschaffe kann,

wat engem widderfuer ass...




autor

Roland Harsch

mehr erfahren

bücher des autors