Jhemp Hoscheit

Aacht Deeg an der Woch

Roman
Luxemburgische Fassung
378 Seiten
133 x 210 mm
Englische Broschur



ISBN 978-2-87954-159-4

25,00 €


Preise



Inhalt

Esch, Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D'Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d'Eurovision de la Chanson an Einer wird gewinnen. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach ... Iwwerdeems léiert de Fern doheem Gitar spillen an dreemt vu sengem éischten Optrëtt. De Pol léiert, wat et heescht, verléift ze sinn. Hie vergësst seng schoulesch Suerge mat de Beatles-Lidder a wär gär mam Sylvie an engem Himmel aus Diamanten oder Gebeess. Mee d'Sylvie kann sech net decidéieren. Da kënnt et zu der éischter Party, zum éischte Knuutschfleck, zum éischten Thé Dansant. An dann ass endlech déi éischt grouss Schülerversammlung am Lycée. Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch dofir duer? Den neie Roman vum Jhemp Hoscheit – gewëssermoossen eng Suite vu sengem Bestseller-Roman "Perl oder Pica", deen 2005 verfilmt gouf an am Hierscht 2006 an d'Kinoe kënnt – erzielt iwwer e Grapp voll Jugendlecher zu Esch, iwwer hir Frëndschaften a Rivalitéiten: kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht. Aus dëse Geschichten entsteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger Mee 68 a gläichzäiteg e passionnéierten Hommage un d'Beatles an hir wichtegst Zäit.




autor

Jhemp Hoscheit

mehr erfahren

bücher des autors

Sorry fir deen Duercherneen

mehr zum Buch