Den drëtte Schlëssel

Littérature

Description

E Käpperchessammeler ass erschloe ginn. D’Ëmfeld vum Opfer ass keng grouss Hëllef bei der Opklärung, d’Schwëster huet zwar ee Verdacht, mee dee behält se fir sech a säi Chef huet nach ganz aner Saache geheim ze halen. De Fischbach steet virun engem Rätsel, bis e ganz geziilt een Tipp kritt. Hie gesäit net, wien en Interessi huet, hien op déi Spur ze féieren. Dem Fischbach seng Enquête féiert hie vum Éislek bis an England, wou hie villes aus vergaangenen Zäite gewuer gëtt, wat nach ëmmer nowierkt … Een zweete Fall, dee sech ëm e Scheckbedruch dréit, ass mat Hëllef vu sengen erfuerene Kollege séier opgekläert, mee dem Fischbach seng Gedanken dréie sech virun allem ëm säi Fall, bei deem en dem Motiv an dem Täter ëmmer méi nokënnt, bis, jo bis eppes en drun hënnert de Fall och wierklech op een Enn ze bréngen …
D’Serie: Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm
Den drëtte Schlëssel ass deen éischte Band vu senger Krimiserie, déi de Jean Schoos hei presentéiert.
Voller Ambitiounen, wëllt de René Fischbach, Oberleutnant an zweeten Offizéier an der Sûreté weisen, wat hie kann an trëppelt dobäi verschiddene Leit op d’Zéiwen. Mee oft mierkt hien a sengem Äifer net, wat ronderëm hie passéiert. An dëser Krimiserie geet et ënnert anerem ëm d’Polemik tëscht Police a Gendarmerie. Béid Corpsen sti sech net ëmmer frëndschaftlech géigeniwwer, Rivalitéiten a gefillten Ongerechtegkeete stinn enger harmonescher Zesummenaarbecht am Wee. Dat gëtt och dem neien Oberleutnant mat der Zäit ëmmer méi bewosst.

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-14-4

Date de sortie

2016

Édition

1re édition

Pages

240

Poids

406 g

Finition

Brochure avec rabats

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE