Een häerzlechen Äddi un ee grousse Lëtzebuerger Auteur an Erzieler

27.12.21 | Meanwhile

Den Auteur, Schauspiller, Theatermënsch, Linguist, Schoulmeeschter an Erzieler Henri Losch huet eis am Alter vun 90 Joer an der Nuecht op de 26. Dezember 2021 fir ëmmer verlooss.

26.12.2021

Méi wéi 20 Joer huet den Henri Losch regelméisseg bei eis am Verlag publizéiert a gouf als Auteur an als Mënsch vun eis héich geschätzt. Seng Erzielungen a Kannerbicher hu staark beréiert, si hunn eis „laachen, schmunzelen, dreemen“ gedoen, „nodenklech“ an – besonnesch haut – „souguer traureg“ gestëmmt (Henri Losch, „Symapthesch Kauzen“, S. 317).

Den Heng huet ëmmer deene Leit merci gesot, déi hien zu senge Geschichten inspiréiert hunn an haut soe mir e grousse Merci fir d’Geschichten, déi s du eis zréckléiss an d’Freed, déi s de eis bei der Zesummenaarbecht bereet hues!

Senger Fra, senge Kanner an Enkelkanner an der ganzer Famill eist déift Matgefill, mir sinn a Gedanke bei hinnen an dëser schwiereger Zäit.

An déiwer Trauer ëm ee sympathesche Kauz an ëm e Frënd, d’Ekipp vun den éditions guy binsfeld.

Voir aussi