Tao Te King, Buch vum Wee

Literatur

INHALT

Dem chineesesche Philosoph Lao Tse säin Tao Te King aus dem 6. Joerhonnert viru Christus zielt zu deene meeschtiwwersatene Bicher op der Welt. Déi 81 kuerz Texter spigelen en humanistescht Gedankegutt erëm, an dat a ville Beräicher vum mënschlechen Zesummeliewen. D’Weisheeten, déi een hei fënnt, si genausou déif wéi heiansdo paradox.
Tao Te King handelt vum Wierken ouni ze Handelen, vun der Stäerkt vum schwaache Waasser, vun den Herrscher, déi Grousses leeschten, andeems se sech selwer klengmaachen, a vum Näischt, dat villes bedeit. Et ass e spirituellt Wierk an awer och e ganz praktescht, dat weist, wéi d’Mënsche mateneen ëmgoe kënnen, ouni just op hiren eegene Virdeel aus ze sinn.
Lieser aus deene verschiddenste Kulturkreesser an iwwert d’Epochen ewech hunn sech vum Lao Tse senger Philosophie beaflosse gelooss. Déi vill Versioune vum Tao Te King, déi dobäi entstane sinn, ware sielen Iwwersetzungen am enke Sënn an dacks méi oder wéineger fräi Nodichtungen. Esou ass et och an dësem Buch. De Serge Tonnar huet den Tao Te King als Éischten an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an dofir eng Wuertwiel getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat den Aquarelle vum Jean-Marie Biwer – ee Bild pro Text – entsteet esou d’Méiglechkeet, dës al Philosophie am neie Gewand an an hirer Relevanz fir déi haiteg Zäit ze entdecken.
Oder, wéi de Serge Tonnar a sengem Nowuert seet: „Mat senger Léier vun Toleranz, Respekt a Matgefill, fräi vun all Dogma, ass den Tao Te King en Text, deen haut an hei grad sou wichteg ass a grad sou inspiréiere ka wéi deemools.“

Infos

Herausgeber

-

Sprache

Luxemburgisch

ISBN

978-99959-42-58-8

Erscheinungsdatum

2019

Ausgabe

1. Auflage

Seiten

184

Gewicht

644 g

Verarbeitung

Hardcover mit Leineneinband und Lesebändchen

Anmerkung

Das könnte Ihnen auch gefallen

100 % SICHERE ONLINE-ZAHLUNGSIX Payment Services

Versand binnen 48 Stunden**2 Werktage

ABHOLUNG BEIM VERLAG VOR ORTLUXEMBOURG-BONNEVOIE