Sympathesch Kauzen

Literatur

INHALT

Mat sengem gewinnt charmante Stil féiert den Henri Losch de Lieser an eng vergaangen Zäit, wou d’Liewen nach simpel an echt war. Wou Kanner nach op der Strooss gespillt hunn, d’Leit nach an d’Epicerie akafe gaange sinn an d’Liewe sech um Bauerenhaff ofgespillt huet. Mat vill Witz an Humor beschreift hie schrulleg, sympathesch a wënnerlech Personnagen, déi den Auteur a sengem erliefnesräiche Liewe begéint huet a bis haut net lassgelooss hunn. Et si Mënschen, déi mat hirer Geschicht oder hirem Schicksal beréieren, déi mat hirer Duerchsetzungskraaft Mutt maachen, déi mat hirer Liichtegkeet Freed bréngen. Et si Leit, wéi jiddereen se kennt oder vun deenen ee mol gezielt krut; déi räich Madame vun niewendrun, déi al Matti vun där ni geschwat gëtt, den häerzleche Schoulmeeschter a nach esou vill méi.
Net alles ass wouer, wat iwwert se geschriwwe gëtt, munches ass dobäi gedicht, mee all Geschicht huet hir ganz eege Wourecht.
Loosst Iech op en Neits vum Henri Losch an d’Vergaangenheet féieren a loosst Är eegen Erënnerungen opliewen.

Infos

Autor(en)

Herausgeber

-

Sprache

Luxemburgisch

ISBN

978-99959-42-44-1

Erscheinungsdatum

2018

Ausgabe

1. Auflage

Seiten

320

Gewicht

508 g

Verarbeitung

Gebunden mit Schutzumschlag und Lesebändchen

Anmerkung

Entdecken

Autor(en)

Das könnte Ihnen auch gefallen

100 % SICHERE ONLINE-ZAHLUNGSIX Payment Services

Versand binnen 48 Stunden**2 Werktage

ABHOLUNG BEIM VERLAG VOR ORTLUXEMBOURG-BONNEVOIE