Sorry fir deen Duercherneen

Literatur

INHALT

Sorry fir deen Duercherneen ass en ofwiesslungsräiche politsatiresche Réckbléck iwwert dat, wat 2016 uechter d’Welt geschitt ass, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Kommentaren. Et si keng eenzel Zeenen, keng Sketcher, mee et ass en zesummenhängenden Text, a Form vun engem Rollespill.
Dësen Text huet de Jhemp Hoscheit zesumme mam Museker Jules Arpetti – am Ufank vun hirer Liestournée – fir d’éischt de 26. Januar 2017 am Centre National de Littérature zu Miersch opgefouert.
Satir ass och ëmmer e Stéck Literatur … Fir politesch a gesellschaftlech Mëssstänn opzedecken an se z’entlarven, brauch een en anere Bléckwénkel, dee verzerrt, awer ni verschéinert. Dofir mécht den Auteur sech d’Sprooch zu eegen a benotzt verschidde Stilmëttelen, wéi Komik, Polemik, Humor, Ironie … Wéi eng Pëll, déi berouegt, awer net aschléifert, reegt d’Satir zum Laachen un a léist nach eng ganz aner Niewewierkung aus: Si rëselt waakreg …
Auszug:
B: Wien huet dann déi 4. Fro – d’Trennung vu Kierch a Staat – aus dem Referendum geholl? Fräiwëlleg!
A: Do huet de Jean-Claude Hollerich sech an d’eegent Fleesch geschnidden.
B: Neen! De Kersch an de Bettel hunn e menacéiert. De fréiere Generalvikar Mathias Schiltz sot, de Bëschof hätt d’Konventioun „mat der Pistoul op der Broscht“ ënnerschreiwe missen. An den Erny Gillen, den deemolege Generalvikar, hätt him „den Aarm gebéit“.
A: Vreck! Dat ass jo sou wéi bei der Mafia! Mee so! Wann de Gillen dem Bëschof den Aarm gebéit huet, dann hätt de Bettel him en Disziplinarverfahren undreeë missen.
B: D’Verwarnung spuert en sech fir en aneren Aarmverbéier op! Affaire à suivre …

Infos

Autor(en)

Herausgeber

-

Sprache

Luxemburgisch

ISBN

978-99959-42-21-2

Erscheinungsdatum

2017

Ausgabe

1. Auflage

Seiten

92

Gewicht

132 g

Verarbeitung

Klappenbroschur

Anmerkung

Autor(en)

Das könnte Ihnen auch gefallen

100 % SICHERE ONLINE-ZAHLUNGSIX Payment Services

Versand binnen 48 Stunden**2 Werktage

ABHOLUNG BEIM VERLAG VOR ORTLUXEMBOURG-BONNEVOIE