INHALT
D’Liewen als Teenager ass net ëmmer esou einfach, d’Gefiller fueren Achterbunn, a keen ass do, deen ee versteet. D’Anja Di Bartolomeo erzielt a sengem Jugendroman „Koma21“ vum Liv, engem siwwenzéngjärege Meedchen, dat genau déi Liewensphas duerchmécht. A wéi wann dee pubertéitsbedéngte Gefillschaos net schonns genuch wier, geheit den „Aaschlachvirus“ säi Liewe komplett op d’Kopp. A senger Bull fillt d’Liv sech sécher, bis och déi platzt …