Zeeechen

Littérature

Description

Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Et si Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn.
Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter op der Schoulbänk.
Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge grafesche Geschichten erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approche zu Figuren, Plazen a Motiven ze erkennen ass.

Infos

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-56-4

Date de sortie

2019

Édition

1re édition

Pages

80

Poids

482 g

Finition

Couverture rigide

Récompense

Lëtzebuerger Buchpräis 2020 - Literatur

Remarque

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE