De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an alles, wat d’lescht Joer iwwer geschitt ass, kritesch ënnert d’Lupp geholl. Sief et d’Affär tëscht Salvini an Asselburn, tëscht Putin an Trump, den Aktiounsplang fir d’Lëtzebuergescht oder alldeeglech Nooriichten, alles gëtt an dësem Réckbléck thematiséiert.
D’Opféierunge vun dësem Cabaret mam Auteur selwer, begleet de Julien Arpetti a suergt fir déi musikalesch Pointen. Fir all déi, déi dëse Spektakel verpasst hunn, oder nach eng Kéier nei opliewe wëlle loossen, gëtt et de Programm lo och als Buch.