Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns

Littérature

Description

An engem Kino brécht d’Anarchie aus; kuerz viru Chrëschtdag fänkt am Supermarché de Biergerkrich un; zwee Clowne plangen no hirer Karriär eppes ganz Radikales; en Autokrat sicht sech en neie Geck a kritt et mat geféierleche Kandidaten ze dinn; nom Doud vun hirem Papp wëllen d’Kanner sou séier wéi méiglech d’Ierfschaft untrieden a geroden an hefteg Turbulenzen; eng Léierin probéiert, engem Schüler e ganz einfache Saz bäizebréngen a muss sech froen, ob deen Exercice wierklech esou einfach ass; e klengen, rabiaten Dropgänger wëllt bei engem speed date grouss optrompen; bei engem Audit verléiert en Assurancen-Employé den Iwwerbléck an de Verstand; den Direkter vun enger Residenz fir eeler Leit gëtt bal geckeg, well hien ee vun den Awunner beim beschte Wëllen net duerchkuckt kritt; e Korrekter wëllt engem Auteur säin Text iwwerschaffen a bäisst op Granit; eng Vitessekontroll gëtt op eemol eng Fro vu Liewen an Doud; zwee Juriste loosse sech aus humanitäre Grënn fräiwëlleg an de Prisong aspären; an engem Seniorenheem wiert sech eng Fra géint d’Invasioun vum Stëbs; eng Fra, déi an engem Müsee schafft, dreemt zanter Jore vun engem groussen Noutfall; eng Pensionnairskoppel hält sech all Dag mam Liesen a Kommentéiere vun Doudesannoncen iwwer Waasser.
Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns ass eng Sammlung vu fofzéng Geschichten an Erzielungen: Et geet ëm d’Rëss an d’Bréch an der Gesellschaft, ëm fauschtdéck Ligen a schwaach Wourechten, an ëmmer nees ëm kleng a grouss Katastrophen, déi d’Leit aus der Bunn geheien. Dat alles erzielt de Guy Rewenig mat fäiner Ironie, awer och mat schwaarzem Humor a surrealem Witz.

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-30-4

Date de sortie

2017

Édition

1re édition

Pages

512

Poids

970 g

Finition

Relié avec jaquette et signet

Remarque

Auteur(s)

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE