Description
Laang schonn ass et hier – 26 Joer fir genau ze sinn –, do huet „De Grüffelo“ déi éischte Kéier d’Welt erbléckst, 5 Joer drop koum dunn „Dem Grüffelo säi Kand“, an elo ass et endlech souwäit, d‘Julia Donaldson an den Axel Scheffler loossen eis een neie Familljemember kenneléieren: d’Groussmammi, oder wéi d’Martine Schoellen se mat ganz vill Léift nennt: „D’Grüffelo Grousi“.
D’Lieser begéinen hei gutt bekannte Protagonisten erëm: d’Eil, d’Schlaang, de Fuuss an natierlech déi couragéiert Maus.
Sidd gespaant op dës nei Aventure!
Kënnt den 12. September eraus!