Déidlech Ofgrënn

Littérature

Description

1973. De Kommandant vun der Gendarmerie Brigade Rued-Sir Dominique Franck gëtt op Ouschtersonndeg moies fréi a sengem Büro opfonnt, mat enger Kugel am Kapp. Et schéngt ee sëffegen Owend gewiescht ze sinn, déi selwer gebrannte Mirabell steet nach um Dësch, grad wéi dräi Glieser. Am Nopeschhaus gëtt een anere Gendaarm fonnt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat a kuerz drop an e Koma fält. Vun deem Drëtten an der Ronn feelt all Spur.
Wien huet den Ofzuch gedréckt? Dat muss dem Kapitän Fischbach seng Equipe elo rausfannen, ouni dobäi un d’Ëffentlechkeet ze goen – ee Gendaarm erschoss, een aneren am Koma, dat wier e Skandal fir déi ganz Gendarmerie. An net nëmme fir déi, d’Hannergrënn vun dëser Affär féieren de Fischbach 30&nbsp:Joer zeréck a Polen bei d’Fräiwëllegekompanie, eng Zäit, déi munch Leit aus hirem Gediechtnes läsche wëllen an anerer dozou beweegen alles un d’Luucht bréngen ze wëllen. De Fischbach entdeckt bei sengen Ermëttlunge Faiten, déi e sou ni erwaart hat an hien zu Schrëtt verleeden, déi sou sécherlech ni geplangt waren.
„Eréischt, wéi hien de Verdacht krut, de Welbes kéint sech geiert hunn, ass him lues a lues kloer ginn, wat fir een Ofgrond sech virun him opgedoen huet. Hien huet dru geduecht, wéi et dem Heymans wuel war, wéi deen um Fiels stoung.“
Iwwert d’Serie
Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm ass eng Krimiserie, déi historesch Fakte mat fiktionalen Elementer verbënnt an esou eng spannend Mëschung entstoe léisst. Wéi de Police- a Gendarmeriesapparat zu där Zäit fonctionnéiert hunn, gouf akribesch nogesicht, an och déi eenzel Fäll baséieren deels op Wourechten, mee wou d’Wourecht ophält an d’Fiktioun ufänkt, dat ass ganz dem Lieser iwwerlooss.

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-41-0

Date de sortie

2018

Édition

1re édition

Pages

240

Poids

382 g

Finition

Brochure avec rabats

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE