Description
Dës Graphic Novel vum Charel Meder a Marc Angel verzielt d’Geschicht vum Jean Schortgen, engem Mineur vun Téiteng, deen 1914 als éischten Aarbechter iwwerhaapt an d’Chamber gewielt gouf.
Als engagéierte Politiker a Vertrieder vun der Sozialdemokratescher Partei steet de Schortgen fir d’Aarbechtervollek an a verweist op déi grave Mëssstänn vun den einfachen Aarbechter – Konditiounen, deenen hie sech och selwer ausgesat gesäit. Dobäi kritt en net nëmme Géigewand vun aneren Deputéierten an aus den eegene Reien, mee och d’Repercussioune vum 1. Weltkrich erschwéieren dem Aarbechterdeputéierte säi Kampf géint Aarmut, Honger a sozial Ongerechtegkeet.
Ergänzt gëtt d’Graphic Novel duerch een historeschen Iwwerbléck.
Dëse Projet ass am Kader vun Esch2022 an Zesummenaarbecht vun der Gemeng Käl-Téiteng
an den éditions guy binsfeld entstanen.
LuxembourgeoisAutres langues disponibles :
Français