Operatioun Meedag

Littérature

Description

Den Enquêteur Fischbach ermëttelt erëm!
1978. De Geheimdéngscht gëtt gewuer, dass den 1. Mee een terroristescht Attentat op eng Veranstaltung vun de Gewerkschaften op der Brillplaz geplangt ass. Fir esou ee Fall ass d’Lëtzebuerger Force publique awer net ausgebilt, a sou entseet d’Iddi, een Interventiounsgrupp anzesetzen, ee Grupp, dee schonn zënter 5 Joer am Dickweiler Bësch zesummen trainéiert an openeen agespillt ass.
Parallel entdecken zwee Bouwen duerch Zoufall ee Koffer voller Waffen. Duerch eng onbeduechten Aktioun vun zwee Gendaarme rasten déi zwee aus an huelen am Bettener Klouschter Geiselen. Déi zwee Geiselneemer komme bei der Befreiungsaktioun duerch d’Hänn vum genannten Interventiounsgrupp ëm d’Liewen, obwuel dëst op jiddwer Fall sollt verhënnert ginn.
Fir de Fischbach ass Dickweiler an alles, wat deemools viru 5 Joer do geschitt ass, ee rout Duch. Sou dauert et net laang, bis hien de Brot richt. De Juegdhond, wéi de Kapitän zënter längerem genannt gëtt, fënnt Spueren, déi béid Fäll matenee verbannen an déi hien zu scho bekannte Leit aus fréiere Fäll leeden. Fir de Fischbach stellt sech dës Kéier eng ganz ideologesch Fro: Setzen ech meng Karriär op d’Spill, fir d’Wourecht opzedecken, oder loossen ech Saachen am Sand verlafen a verkafe mech un de System?

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-54-0

Date de sortie

2019

Édition

1re édition

Pages

224

Poids

388 g

Finition

Brochure avec rabats

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE