Description
"D’Fabelen hunn eng Joerhonnerte laang Traditioun, an obwuel se sech iwwert d’Zäit verännert hunn, ass de Grondprinzip deen nämmlechte bliwwen: der Gesellschaft de Spigel virhalen, duerch Déieren, déi sech wéi Mënsche behuelen. 330 Joer nom Jean de la Fontaine sengem Ofliewen huet de Pe’l Schlechter en Deel vun dëse klasseschen Texter fräi an d’Sprooch vum Renert iwwerdroen an se mat enger Fabel vum Demy Schlechter ofschléisse gelooss. Et sinn Texter iwwer Moral a Frëndschaft, Klassiker aus der franséischer
Literatur, déi deemools wéi haut hir Richtegkeet hunn.