De Pol muss an de Krich

Littérature

Description

An dësen Erënnerongungen an Niewesaachen geet bewosst wéineg oder guer keng Rieds vun deene grousse geschichtlechen Ereechnësser, déi mer jo ewell aus e sëlleche Publikatiounen iwwert deen Thema kennen. Si wëlle just beschreiwen, wéi et engem lëtzebuerger Jong deemools zemutt wor, dee probéiert huet, fir mat deenen drolegste Situatiounen eens ze ginn – a wa méiglech nees gesond heemzekommen.
„Hei op eemol entdecken ech an der Kichen an der Mëtt vum Plafong en donkele Rechteck, e Lach, an do luusst de Wupp vun enger Leeder eraus. Schéin a gutt, mä wéi dorunner kommen?
Ech stinn do eropzestuerken wéi de Fuuss bei den Drauwen. Et misst een eppes hunn, fir drop ze klammen. Ënnert dem Spullsteen ass e klenge Schaf agebaut; mat mengem Eisen ass et e Kannerspill, fir deen do lasszerappen. Mä wéi soll een do drop kloteren, wann deen net am Waasser stoe bleift an ëmmer nees wëllt schwammen? (Nach e klenge Wénk vum Archimedes.) Ech stiechen de Reedel an de Rimm, hale mat zwee Gräpp de Schiefchen un a setzen ee Knéi drop, an dann deen aneren. Ganz, ganz lues zéien ech ee Fouss no … duerno deen zweeten …
Wann e Politiker a senge Memoire vun deene Leeschtonge schwätzt, déi duerch hien oder duerch seng Initiativ realiséiert goufen, dann dréit hien doduerch zur nationaler oder lokaler Geschichtsschreiwong bäi a setzt sech e klengt perséinlecht Monument. An dat ass säi gutt Recht. Wann een, deen duerch de Krich Schreckleches huet misste matmaachen – e wor vläicht am Prisong, am Kazett oder un der Front – sech seng schlëmm Erliefnësser vun der Séil schreift, dann hëlleft hien domat, datt déi uerg Zäiten net an de Vergiess geroden.
An elo kënnt hei op eemol een, deen näischt geleescht an näischt erlieft huet, an dee wëllt och säi Pefferkär bäileeën?! … Abee, dorëm geet et grad elei: D’Zopp kritt dach eréischt Geschmaach, wa Salz a Peffer dran ass.“

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-2-87954-259-1

Date de sortie

2012

Édition

1re édition

Pages

240

Poids

422 g

Finition

Relié avec jaquette et signet

Récompense

Lëtzebuerger Buchpräis: Literatur

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE