Häerzerkinnek

Littérature

Description

An enger mëttelalterlecher Stad, no bei engem kanaliséierte Floss, geschitt op eemol eppes, wat et esou nach ni gouf. Iergendee schluecht enger aler Fra hir Hausdéieren, schneit deenen d'Häerz eraus, bitzt se erëm fachmännesch zesummen an hannerléisst e Bréif an engem soignéiertem Franséisch, fir seng Dot z’erklären an zegläich fir sech z'entschëllegen. Deen éischte Moment kéint ee mengen, dee „Metzler“ wéilt där aler, e bëssen droleger an awergleeweger Fra eng stiichten, mä ganz séier stellt et sech eraus, datt et décken Eescht ass. De Marco, den Nopeschjong, ee Borscht mat vill Imaginatioun, deen an de Verdacht geréit, dee Schëllegen ze sinn, versicht zesumme mat senger Frëndin, dem Carole, den „Déiereschënner“ ze fannen. Mä all hir Investigatioune féieren zu näischt. Wéi et sech erausstellt, datt déi Affaire keen domme Bouwestreech ass, mä ënner Ëmstänn eng ganz geféierlech Saach kéint ginn, hëlt d’Polizei sech der Saach un. Zesumme mat deene jonken „Detektiven“ versichen se, de Schlëssel vun där eegenaarteger Saach ze fannen. Mat der Zäit gëtt de Fall ëmmer méi verwurrelt an et kann een, ouni z’iwwerdreiwen, schonns dat Schlëmmst fäerten. E puermol mengen se dee Richtege gepëtzt ze hunn, mä all Kéier stellt et sech eraus, datt se um Holzwee sinn. Bis se da ganz um Schluss, um leschte Stëppel, d’Léisung vun deenen onwahrscheinlechen Ereegnesser erausfannen: Et war een „Häerzerkinnek“.

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-2-87954-182-2

Date de sortie

2007

Édition

1re édition

Pages

192

Poids

282 g

Finition

Brochure avec rabats

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE