Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

Enfants

Description

Een originellen a garantéiert eenzegaartege Gebuertsdagskaddo!
Dierf een a Bicher molen? Jo, an dëst schonn. Zeechnen, pechen, schreiwen, alles dat geet mat dëser neier Publikatioun vun den Éditions Guy Binsfeld.
Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir ass e Matmaach- a Geschenkbuch vun der Designerin a Pädagogin Annika Thamm. Op 28 Säiten gëtt een invitéiert, Zeechnungen an Texter mat sengen eegenen Iddien ze completéieren an dem Gebuertsdagskand eng ganz individuell Geschicht ze erzielen. Et steet eng Vas do, de Schäffchen ass un, den Dësch ass prett. Mee d’Blummen, de Kuch an d’Kaddoen, déi dierf ee selwer entwerfen an afügen. An dann ass d’Iwwerraschung fir de groussen Éierendag esou gutt wéi perfekt.
Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir ass e Buch fir d’(bescht) Frënn a Frëndinnen, fir d’Boma, de Bopa, d’Mamm, de Papp an einfach jiddwereen, deem een eppes Perséinleches vun Häerze schenke wëll.

Infos

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-59-5

Date de sortie

2019

Édition

1re édition

Pages

28

Poids

258 g

Finition

Relié

Remarque

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE