Goss

Literatur

INHALT

Ass de Sascha Rink (24) e Genie oder en décken Téinert? Eng „Intelligenzbomm“ – wéi hie sech selwer nennt –, déi mat schaarfem Verstand alles duerchkuckt, oder e raffinéierten Opportunist, dee säi Liewenslaf vu vir bis hannen erfënnt? En héichsensibele Kärel oder en onverschimmten Näischnotz, deen nëmmen u sech denkt? E monteren Zyniker oder en duerchdriwwene Liewenskënschtler, dee gär d’Onscholdslämmche spillt? Huet hie genee erfaasst, a wéi enger verréckter Welt hie sech duerchwurschtele muss, oder schléit hie stänneg iwwert d’Sträng? De Sascha Rink, gebuer am September 2000, surft op alle Fall mat engem Culot sonnergläichen duerch déi éischt véieranzwanzeg Joer vum neie Joerdausend. Op den éischte Bléck huet hien absolut keng Komplexer. Mee hält deen Androck laang un? Dem Guy Rewenig säi „Schelmenroman“ Goss kann ee vergläiche mat engem groussen, faarwege Vexéierbild, an deem sech eng däischter Geschicht verstoppt. De Sascha Rink soll aus beruffleche Grënn säi Curriculum schreiwen: Hie léisst säin turbulent Liewe Revue passéieren, a wat dobäi op d’Tapéit kënnt, ass méi wéi kuriéis, ambivalent, exzessiv, dack net ze faassen, mol staark iwwerdriwwen, mol empfindlech an traureg, dann nees voller Komik a clowneskem Gestruewels. Mee wat stëmmt, a wat däerf een net fir boer Mënz huelen? Wat ass dem Protagonist tatsächlech geschitt, a wat suckelt hie sech alles aus de Fangeren? Kéint et sinn, datt déi ganz Erzielung sech am Kär ëm e blanne Fleck a senger Biografie dréint?

Infos

Autor(en)

Herausgeber

-

Sprache

Luxemburgisch

ISBN

978-2-919822-18-8

Erscheinungsdatum

14.11.2024

Ausgabe

1. Auflage

Seiten

672

Gewicht

872 g

Verarbeitung

Gebunden mit Schutzumschlag und Lesebändchen

Anmerkung

Autor(en)

Das könnte Ihnen auch gefallen

100 % SICHERE ONLINE-ZAHLUNGSIX Payment Services

Versand binnen 48 Stunden**2 Werktage

ABHOLUNG BEIM VERLAG VOR ORTLUXEMBOURG-BONNEVOIE