E Schoulmeeschter erënnert sech u koppeg a bosseg Situatiounen, déi en a sengem räiche Beruff erlieft huet, droleg Kanner, droleg Elteren, droleg Kollegen a Kolleginnen, droleg Paschtéier an droleg Notabilitéiten. A sechzeg Kuerzgeschichte léisst en all déi rëm opliewen, an net nëmme si, neen, och déi Zäit an dee Milieu, an där déi Episoden sech ofgespillt hunn. Ni béisaarteg, ëmmer mënschlech an esou, datt se engem d’Häerz waarm maache kënnen, sinn all déi Figure gezeechent. Ob sech dat elo an engem klengen Éisleker Duerf ofspillt, enger e bësse méi grousser Uertschaft op der belscher Grenz, an der Stad Lëtzebuerg, am Conservatoire zu Esch, am Centre de logopédie oder op de Brieder, déi d’Welt bedeiten, iwwerall huet hie Leit begéint, déi et derwäert sinn, datt se net vergiess ginn.