Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch

Littérature

Description

A senger neier Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge bleift de Guy Rewenig der Linn vun Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns trei. Mat vill Wuertwitz, Situationskomik, engem subtille Spill mam Klischee an absurde Momenter entwéckelt hien e klenge Panorama vum Liewen zu Lëtzebuerg, stellt dobäi skurril, verdreemten, traureg oder queesch Personnagen an de Mëttelpunkt. Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereien um Familljefest op Neijooschdag, eng Vakanzerees mat Grousselteren an Enkelkanner, bedreelech Ereegnesser bei engem Patientebesuch am Spidol, zwee fréier Schoulkolleegen, déi sech no laanger Zäit op enger niwweleger Parkplaz erëmbegéinen, e Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, de kreative Virschlag vun iessbare Bicher, en Auteur, deen e Buchiwwer Näischt geschriwwen huet, oder och eng Koppel, där hire Sonndesausfluch op de Stauséi ëmmer méi zu enger logistescher Erausfuerderung gëtt. D’Texter hu verschidde literaresch Formen: Et ass Erzielprosa dobäi, mä och Mono- an Dialoger gehéieren zum Repertoire, all an der Lëtzebuerger Sprooch. D’Geschichten, déi se erzielen, pendelen tëscht Tragik a Komik hin- an hier an dacks ass näischt, wéi et ugangs schéngt …

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-67-0

Date de sortie

2020

Édition

1re édition

Pages

320

Poids

580 g

Finition

Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen

Remarque

Auteur(s)

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE