Description

Goss – dat ass e „Schelmenroman“ deen ee ka vergläiche mat engem groussen, faarwege Vexéierbild, an deem sech eng däischter Geschicht verstoppt. De Sascha Rink soll aus beruffleche Grënn säi Curriculum schreiwen: Hie léisst säin turbulent Liewe Revue passéieren, a wat dobäi op d’Tapéit kënnt, ass méi wéi kuriéis, ambivalent, exzessiv, dacks net ze faassen, mol staark iwwerdriwwen, mol empfindlech an traureg, dann nees voller Komik a clowneskem Gestruewels. Wat ass dem Protagonist tatsächlech geschitt, a wat suckelt hien sech alles aus de Fangeren? Kéint et sinn, datt déi ganz Erzielung sech am Kär ëm e blanne Fleck a senger Biografie dréint?

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-2-919822-18-8

Date de sortie

15.11.2024

Édition

1re édition

Pages

672

Poids

g

Finition

Gebonne mat Ëmschlag a Lieszeechen

Remarque

Auteur(s)

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE