De Leo an den Oktopus

Enfants

Description

De Leo an den Oktopus erzielt d’Geschicht vum klenge Leo, deen Autismus huet, wat him déi alldeeglech Kommunikatioun mat senge Matmënschen erschwéiert. Enges Daags geet hien an den Aquarium a kritt do d’Maya virgestallt: een Oktopus. Bis dohi wousst de Jong wéineg iwwert dës Mieresbewunner, mee wëssbegiereg, wéi en ass, liest en, wat e fanne kann. A schlussendlech plangt e souguer ee festen Dag an der Woch fir d’Maya an – Freides ass elo Oktopusdag! D’Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d’Äerm, fir sech an der Welt zurecht ze fannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft. Eegen Erfarungen hunn d’Isabelle Marinov zu dëser emouvanter Geschicht iwwert déi deeglech Stréckfale mat Autismus inspiréiert an dem Chris Nixon seng Illustratioune loossen Iech fërmlech an d’Säiten andauchen. Zesumme mam Martine Schoellen huet d’Schrëfststellerin d’Buch aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht iwwersat.

Infos

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-72-4

Date de sortie

2021

Édition

1re édition

Pages

32

Poids

380 g

Finition

Gebonnen, Cover mat UV-Lack an Neon-Faarf

Remarque

Vidéo

Your cookie settings prevent this content from loading. To gain access, please change your cookie settings.

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE