Description
Mat bal 100 Joer sinn d’Kandheetserënnerungen engem dacks méi no, wéi dat, wat ronderëm ee geschitt.
Den Nico Helminger verzielt an dësem Wierk, – dat e senger Mamm gewidmet huet –, aus der Perspektiv vun enger eelerer Damm, déi an hir Vergaangenheet blécke léisst: D’Meedche vum Duerf wat an de Minett komm ass, fir do als Fra vun engem Schmelzaarbechter ze liewen, als Mamm, als Fra mat Dreem – wéi et der esou vill zu där Zäit goufen. Woubäi d’Erënnerungen u fréier sech allze dacks mat der Géigewaart vermëschen an nëmme schwéier auserneen ze hale sinn.
Mat vill Gefill an Humor erzielt dëst Buch vun engem Liewen, dat just a Brochstécker un d’Liicht kënnt an um Enn d’Fro stellt: Wat bleift vun engem Liewen, wann ee selwer scho sou vill dovunner net méi weess?