D’Schmetten an d’Schmooen

Enfants

Description

D’Schmetten an d’Schmooen erzielt vun enger verbuedener Léift op engem Planéit wäit ewech. D’Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d’Babett an de Jo hale sech net un d’Reegele vun hire Grousselteren. A wéi dat an de grousse Libesgeschichten esou ass, maache si sech heemlech dervun ... a fléie fort an de Weltall.
D’Famille vun deene zwee sichen iwwerall no der jonker Koppel an esou entsteet eng spannend a lëschteg Geschicht, déi d’Aktualitéit vun eiser Zäit op eng flott a sensibel Aart a Weis reflektéiert. Déi nei Kannergeschicht vum Bestseller-Duo aus England gouf 2019 a 17 Sprooche publizéiert. Den Axel Scheffler huet wéi gewinnt déi faarweräich Illustratioune gezeechent an den original engleschen Text, deen d’Martine Schoellen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet, staamt vum Julia Donaldson.
D’Schmetten an d’Schmooen ass, wéi d’Dedicace vun den Auteure Scheffler an Donaldson et scho seet, ee Buch „fir all d’Kanner an Europa“.

Infos

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-99959-42-53-3

Date de sortie

2019

Édition

1re édition

Pages

32

Poids

518 g

Finition

Relié

Remarque

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE