Aacht Deeg an der Woch

Littérature

Description

Esch, Mee 1968. E puer Studenten erliewen déi éischt Theatervirstellung an den éischte Rockconcert am Jongelycée. D’Elteren, déi houfreg op hir éischt Televisioun sinn, kucken d’„Eurovision de la Chanson“ an „Einer wird gewinnen“. An zu Paräis ginn Autoen a Brand gestach … Iwwerdeems léiert de Fern doheem Gitar spillen an dreemt vu sengem éischten Optrëtt. De Pol léiert, wat et heescht, verléift ze sinn. Hie vergësst seng schoulesch Suerge mat de Beatles-Lidder a wär gär mam Sylvie an engem Himmel aus Diamanten oder Gebeess. Mee d'Sylvie kann sech net decidéieren. Da kënnt et zu der éischter Party, zum éischte Knuutschfleck, zum éischten Thé Dansant. An dann ass endlech déi éischt grouss Schülerversammlung am Lycée. Fir alles gëtt et eng éischte Kéier. Awer ginn aacht Deeg an der Woch dofir duer?
De Roman vum Jhemp Hoscheit – gewëssermoossen eng Suite vu sengem Bestseller-Roman Perl oder Pica, deen 2005 verfilmt gouf an am Hierscht 2006 an d’Kinoe koum – erzielt iwwer e Grapp voll Jugendlecher zu Esch, iwwer hir Frëndschaften a Rivalitéiten: kleng, mä wichteg Geschichten an engem entscheedende Moment vun der grousser Geschicht. Aus dëse Geschichten entsteet eng spannend an engagéiert Chronik iwwert de Lëtzebuerger Mee 68 a gläichzäiteg e passionnéierten Hommage un d’Beatles an hir wichtegst Zäit.

Infos

Auteur(s)

Éditeur

-

Langue

Luxembourgeois

ISBN

978-2-87954-159-4

Date de sortie

2006

Édition

1re édition

Pages

378

Poids

522 g

Finition

Brochure avec rabats

Remarque

Auteur(s)

Vous pourriez aussi aimer

Paiement 100 % sécuriséSIX Payment Services

Expédition sous 48H**2 jours ouvrables

Retirez votre commande aux ÉditionsLUXEMBOURG-BONNEVOIE