Summerdag vun der Lëtzebuerger Literatur am CNL zu Miersch – mam Pe’l Schlechter a Luc Spada
De CNL huet d’Editeuren zu Lëtzebuerg agelueden, zesumme mat hiren Auteuren, e Sonndeg, de 7. Juli, en Dag vun der Literatur ze feieren. Am Ganze wierten 11 Auteuren aus hire Wierker liesen a mat Literaturkritiker diskutéieren. D’Editioun Guy Binsfeld ass mam Pe’l Schlechter „De Pol muss an de Krich” a mam Luc Spada „Abführung der lebenswichtigen Mittelmässigkeit. Ein Remix” dobäi.
De Pe’l Schlechter liest ëm 17.30 an de Yorick Schmit féiert duerno zesumme mam Auteur d’Gespréich iwwert d’Buch. Ëm 19.00 liest de Luc Spada an den Ian de Toffoli féiert duerno d’Diskussioun.
Wou: am Park vun der Maison Servais,
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Mersch
Tel.: (352) 32 69 55-1
Fax: (352) 32 70 90
E-mail:info@literaturarchiv.lu
Wéini: Sonndeg, de 7. Juli 2013 ab 14.15
De genaue Programm ass ze fannen op www.literaturarchiv.lu
Entrée: Fräi
Detailer zum Pe’l Schlechter sengem Buch „De Pol muss an de Krich”
Detailer zum Luc Spada sengem Buch „Abführung der lebenswichtigen Mittelmässigkeit. Ein Remix”