zurück zur übersicht

Sorry fir deen Duercherneen mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti zu Bouneweg

Den 1. Mäerz hat fgil@rts, an Zesummenaarbecht mat der Editioun Guy Binsfeld, an de Café de la Place op Bouneweg invitéiert fir e satiresche Réckbléck op 2016 ze werfen. Et war e ganz gelongenen Owend an d’Begeeschterung vum Publikum war grouss. Dem Jhemp Hoscheit säi kabarettistesche Joresréckbléck, virgedroen am Dialog mam Julien Arpetti, stécht eraus duerch seng schaarfsënneg Analysen, seng elaboréiert an dacks iwwerraschend Wuertspiller. Mat engem grousse Gespier fir Rhythmus, perfekt Harmonie a mat vill Engagement, hunn déi zwee Kënschtler d’Publikum vun Ufank bis zum Schluss matgeholl. Déi musikalesch Passagë vum Julien Arpetti hunn dat Ganzt nach eng Kéier besonnesch ënnermoolt.

Details zum Buch

Sorry fir deen Duercherneen

mehr zum Buch