Signéierstonn mam Maischi Tibesart dësen Weekend an der Stad an zu Esch
Dëse Samschdeg ass d’Maischi Tibesart vun 12.00 bis 14.00 Auer an der LIBO op der Gare an vu 15.30 bis 18.00 Auer zu Esch an der Librairie Diderich fir säi lescht Buch ze signéieren. An deem Kader kënnt Dir profitéiere fir mat him an enger heemeleger Ambiance iwwer déi lëtzebuergesch Kichen ze diskutéieren an och e personaliséierten Exemplaire mat Heem ze huelen.