zurück zur übersicht

Rasch(t) Auer: Zwee Liesowender mam Roland Harsch

Mir huelen eis deen Owend Zäit fir eng gemittlech Stënnche mam Roland Harsch a sengen amusanten, ma och mol méi besënnlechen Texter aus sengem neie Buch Rasch(t) Auer iwwert de Mënsch a seng „kostbar“ Zäit.
 

Wou a Wéini:

Dënsdeg, de 17.03.2015 um 19.30 Auer :
Roland Harsch mam Jean-Marie Oberlinkels a Serge Wenzel, Museker
Ettelbrécker Bibliothéik, 9, place de la Libération, L-9060 Ettelbruck. 

Mardis littéraires
Dënsdeg, de 24.03.2015 am 18.30 Auer:
Roland Harsch: Rasch(t) Auer, Gedichter a Prosa
Cité Bibliothéik, Auditorium Henri Beck, 2, rue Genistre, L-1623 Luxembourg.
 

D’Zären dréie ronderëm op der Auer;
D’Texter dréien sech ëm d’Zäit am Buch „Raschtauer“.

Dacks dréien d’Zäre méi séier. Da gëtt den t aus der Raschtauer ewechgedickst: dann ass Raschauer.

Ma zum Gléck dréien se och mol méi lues, jo, bleiwe bal stoen. Da kënnt den t rëm heemlech zréck an d’Spill: dann ass rëm Raschtauer.
Roland Harsch

Details zum Buch

RASCH(T) AUER

mehr zum Buch