zurück zur übersicht

Literaturpreis Prix Servais 2018

Wir gratulieren Nico Helminger, der für „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ mit dem Prix Servais 2018 ausgezeichnet wurde.
Die Fondation Servais vergibt jedes Jahr diesen Preis für das bedeutendste Buch des Vorjahres.

Hier ist die Begründung der Jury:

Dem Nico Helminger seng „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge” gëtt mam Servais Präis 2018 ausgezeechent. Dëst Wierk ass e staarken neie Moment an der Entwécklung vum postmoderne Roman an der lëtzebuergescher Literatur. Déi kontrapunktesch Erzielstruktur spillt mat literaresche Gattungen, verbënnt philosophesch a kënschtleresch Iwwerleeungen, an dat an enger weltliterarescher a kulturtheoretescher Perspektiv. De Protagonist, vu senger Loge eraus, werft e kriteschen a wéineg kamoude Bléck op sozial Konditionéierungen, Ideologien a Virstellungen, deenen den Individuum an der zäitgenëssescher, globaliséierter Gesellschaft ausgesat ass. Konsumrausch, Burn-out, Nation Branding, Finanzskandaler gi kommentéiert an de Verloscht vun der Komplexitéit vum Denke bloussgestallt. D’Sprooch ass aussergewéinlech staark an duerchgängeg iwwerzeegend, op am Ëmgank mam Humor, am Erëmgi vun abstrakten Iddien oder an der Beschreiwung vun tëschemënschleche Bezéiungen a sexuellem Pleséier.