En ofwiesslungsräichen a spannenden Nomëtteg mat klengen, dapperen Helden aus der Déieren- a Fabelwelt, animéiert vum Martine Schoellen, Annick Sinner a Mady Durrer, fënnt de Sonnde 17 Abrëll 2016, vu 14 bis 16 Auer zu Beetebuerg am Kader vum LiteraTour Festival 2016 statt.
D’Martine Schoellen erzielt vum klengen „Zog”, en Draach deen an der Draacheschoul alles léiert, wat ee fir en Draacheliewen ebe sou brauch: fléien, brëllen, Feier späizen a kämpfen. Mee wéi et ëm d’Entféierung vun enger Prinzessin geet, muss sech den Zog mam dapere Ritter Wenzel ausernee setzen... D’Martine Schoellen huet dat neit Buch „Zog”, dat demnächst bei den Editions Guy Binsfeld erschéngt, op lëtzebuergesch iwwersat.
D’Mady Durrer liest aus „De Flöck”. De flöck ass e ganz gléckleche Mupp, dee vill geheemelt gëtt, all Dag e fantastesche Menü zerwéiert kritt an an de Bëscher a Wise stonnelaang schnoffelen a wullen dierf, Häerz wat begiers de. En huet bal alles wat en Hond sech ka wënschen, wann do net seng ganz laang Ouere wären. Mee hien huet eng Iddi...
D’Annick Sinner erzielt d’Geschicht vum Däumelinchen, engem klenge Meedchen, dat net méi grouss ewéi en Domm gouf.
D’Veranstaltung fënnt am Bongert Altenhoven zu Beetebuerg, baussen an engem hëlzene Chalet, statt.
Treffpunkt ass um 13.45 Auer um Parking vum Fussballsterrain, Route de Mondorf.
Den Entrée ass fräi.
Mei Informatiounen: literatour.lu