Dräi Manéieren, iwwert säi Schiet ze sprangen ouni sech d'Been ze briechen am CNL
Ënnert dem Titel Dräi Manéieren, iwwert säi Schiet ze sprangen ouni sech d'Been ze briechen fënnt en Dënschden, de 29. September um 19.30 Auer en aussergewéinlechen Owend mam Guy Rewenig am CNL zu Miersch statt. D’Schauspiller Christiane Rausch a Steve Karier liesen Auszich aus sengem neiste Wierk Déi bescht Manéier aus der Landschaft ze verschwannen. De Guy Rewenig léisst an deem Buch seng Figure Slalom fueren duerch hiert klengt, verdruddelt, onméiglecht, geféierlecht, lächerlecht Liewen.
Spéider liest de Guy Rewenig och nach selwer aus sengem jéngste Wierk an de Claude Conter ënnerhält sech – an dräi Sproochen – mam Auteur.
Méi Informatiounen ënner www.cnl.public.lu.