D’Maischi Tibesart an den Henri Losch op Signéierstonn
Dëse Samschdeg ass den Henri Losch vu 15.00 bis 18.00 Auer an der Librairie Ernster an der City Concorde fir säin neit Buch „D’Rennschéier – E Guide erzielt” ze signéieren. D’Maischi Tibesart ass moies vun 10.30 bis 14.00 Auer an der Epicerie „Am Duerf” zu Schrondweiler a Sonndeg vu 15.00 bis 17.00 Auer an der Librairie Libo zu Dikrech. An deem Kader kënnt Dir mat eisen Auteuren an enger flotter Chrëschtdagsstëmmung iwwert dem Henri Losch seng Reesen an Erliefnisser diskutéieren oder mam Maischi Tibesart méi iwwert déi lëtzebuergesch Kiche gewuer ginn. Profitéiert fir e personaliséierten Exemplaire fir Iech oder als Chrëschtdagscadeau mat heem ze huelen.