zurück zur übersicht

Cabaretsporgramm „Sorry fir deen Duercherneen“ vum Jhemp Hoscheit

De Jhemp Hoscheit ass am Duo mam Jules Arpetti am Fréijoer ënnerwee fir seng kabarettistesch Liesung, „Sorry fir deen Duercherneen“, e satiresche Réckbléck op 2016, opzeféieren.

 

Et ass eng ofwiesslungsräich, kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2016 national an international geschitt ass. De Jhemp Hoscheit verfaasst mat sengem politsatiresche Réckbléck, eng Chronik iwwert d’Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Commentairen. Et ass eng Liesung wéi aus engem Roman. Aus engem Goss. Et ass awer keng Fiktioun, mee d’Realitéit. Mount fir Mount. An och wann d’Aktualitéit net ëmmer lëschteg war, gëtt se mat Humor an Ironie op d’Schëpp geholl.

 

De Jhemp Hoscheit, deen Enn vun den 80er Joere mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetrueden ass, déi lescht Joere mat senge Romaner zesumme mam Jules Arpetti op véier Liestournéeë war a fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer geschriwwen huet, huet elo fir d’éischt e ganze Cabaretsprogramm verfaasst, deen op Tournée wäert goen. Dee satiresche Spaass gëtt mat musikaleschem Intermezzi vum Jules Arpetti begleet.

 

Opféierungsdatumer:

08.02.2017 (20h00)
Kulturhaus Steesel

16.02.2017 (20h00)
Kulturfabrik Esch

03.03.2017 (20h00)
Sall „Um Späicher“ am Centre WAX Péiteng

08.03.2017 (20h00)
Schungfabrik Téiteng

24.03.2017 (20h00)
Festsall vum LGEsch, organiséiert vun der Association des parents d'élèves (APELGE), der Amicale vum Escher Kolléisch (AVEK) an dem Proffecomité vum LGE (fräien Entrée) Reservatioun: Tel: 55 62 85-200

28.04.2017 (20h00)
Schlass Beetebuerg (am Kader vun LiteraTour)

11.05.2017
Musel-Sauer Mediathéik Waasserbëlleg (25, Grand-rue, L-6630 Wasserbillig)

Weider Informatiounen zu de Manifestatioune kënnt Dir op deene jeeweiligen Internetsitte fannen.

Details zum Buch

Sorry fir deen Duercherneen

mehr zum Buch