zurück zur übersicht

„MELUSINA“ OP LËTZEBUERGESCH ERZIELT

Viru méi ewéi dausend Joer ass e flotte jonke Grof ënne bei der Uelzecht laanscht de Bësch geridden. Do war et deemools – am Joer 963 – scho grad esou däischter an onheemlech ewéi haut matzen am Gréngewald. Uewen am Clausener Bierg koum en op eng Plaz, fir déi mir och nach haut „de Bock“ soen …

Am Cader vum 1050. Gebuertsdag vun der Stad Lëtzebuerg erzielt de Lex Roth d’Seeche vun der Melusina nei. Déi modern a lieweg Illustratioune vum Marina Herber, enger talentéierter Nowuesskënschtlerin, riichte sech och un e jonke Publique. D’Zeechnungen am Manga-Stil réckelen déi klassesch Legend an en neit Liicht.

Am Sproochendepliant fannt Dir och eng englesch, franséisch a portugisesch Iwwersetzung. E Klassiker am neie Gewand – ideal fir d’Allgemengwëssen opzefrëschen an als Kaddo!

application/pdf Symbol pressemitteilung (pdf)

Details zum Buch