Thomas Schoos
Keong-A Song

WOOOW!!! LËTZEBUERG

D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees


2. Oplo
64 Säiten
240 x 285 mm
Gebonnen
 



ISBN 978-99959-42-34-2

24,00 €


Inhalt

WOOOW!!! LËTZEBUERGD’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song.

 

Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d’Kultur an d’Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léieren seng Märercher a Bräich kennen.

 

Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten: Op all Etapp vun der Rees erwaarde si interessant Anekdoten a Fakten.

 

Mat vill Léift fir den Detail huet d’Illustratorin Keong-A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.




autor

Thomas Schoos

mehr erfahren

bücher des autors

WOOOW!!! LUXEMBOURG

mehr zum Buch

autor

Keong-A Song

mehr erfahren

bücher des autors

WOOOW!!! LUXEMBOURG

mehr zum Buch