Henri Losch

Sympathesch Kauzen

Erzielungen
Serie „perspectives”
320 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen


 


 



ISBN 978-99959-42-44-1

22,90 €


Inhalt

Mat sengem gewinnt charmante Stil féiert den Henri Losch de Lieser an eng vergaangen Zäit, wou d'Liewen nach simpel an echt war. Wou Kanner nach op der Strooss gespillt hunn, d'Leit nach an d'Epicerie akafe gaange sinn an d'Liewe sech um Bauerenhaff ofgespillt huet. Mat vill Witz an Humor beschreift hie schrulleg, sympathesch a wënnerlech Personnagen, déi den Auteur a sengem erliefnesräiche Liewe begéint huet a bis haut net lassgelooss hunn. Et si Mënschen, déi mat hirer Geschicht oder hirem Schicksal beréieren, déi mat hirer Duerchsetzungskraaft Mutt maachen, déi mat hirer Liichtegkeet Freed bréngen. Et si Leit, wéi jiddereen se kennt oder vun deenen ee mol gezielt krut; déi räich Madame vun niewendrun, déi al Matti vun där ni geschwat gëtt, den häerzleche Schoulmeeschter a nach esou vill méi.

Net alles ass wouer, wat iwwert se geschriwwe gëtt, munches ass dobäi gedicht, mee all Geschicht huet hir ganz eege Wourecht.

Loosst Iech op en Neits vum Henri Losch an d'Vergaangenheet féieren a loosst Är eegen Erënnerungen opliewen.

 




autor

Henri Losch

mehr erfahren

bücher des autors

De Kregéiler

mehr zum Buch