Henri Losch

De Kregéiler

E Frënd vun der Natur erzielt
Serie „perspectives“
320 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Liesbändchen


ISBN 978-99959-42-28-1

22,90 €


Inhalt

An dësem Wierk setzt hien sech mat senge perséinlechen Erfarunge mat der Natur auserneen, déi hie scho säit senger fréister Kandheet begleet a gepräägt huet. Seng Léift a Faszinatioun fir alles, wat wibbelt a kraucht, krut hie vu sengem Bop an Urgroussbop vermëttelt, déi dem Auteur, wéi en nach e klenge Bouf war, e ganz besonnesche Kaddo gemaach hunn: E Bam.
 
An de ronn 30 Geschichten léisst den Henri Losch dës an aner Momenter Revue passéieren an hëlt de Lieser mat op eng Rees, déi vun Dikrech iwwer Useldeng a Bartreng bis an den héijen Norde féiert, dat op déi gewinnt lëschteg Art a Weis. Eng Uertschaft huet fir den Auteur bis haut eng ganz besonnesch Bedeitung, nämlech Ierpeldeng. Et ass säi perséinlecht Paradäis, fir dat hien dat eent oder anert Affer huet misse bréngen.
 
„De Kregéiler“ ass no „D’Rennscheier – E Guide erzielt“, „Koppeges & Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“ an „E Bouf erzielt – Eng gewéinlech ongewéinlech Kandheet am Krich“ schonn dat véiert an enger Rei vun autobiographeschen Erzielungen, déi den Henri Losch bei den Editions Guy Binsfeld erausginn huet.
 




autor

Henri Losch

mehr erfahren

bücher des autors

D’Rennscheier – E Guide erzielt

mehr zum Buch