Henri Losch

D’Rennscheier – E Guide erzielt

360 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Liesbändchen



ISBN 978-2-87954-294-2

22,90 €


Inhalt

Eise Guide, déi rengste Rennscheier, hält et einfach net aus doheem. Hie féiert äis an nobäi 30 Geschichten duerch Länner op verschiddene Kontinenten, mat drolegen, awer och emol nodenkleche Momenter, déi äis weisen, wéi verschidde Lëtzebuerger an de leschte Joerzéngte gereest sinn. Duerch déi vill Anekdoten hannerléisst hien äis en amusanten, heiansdo och e kriteschen Androck vun deene frieme Länner, déi e besicht huet, an net ze vergiessen, vun deenen interessante Mënschen, déi en duerch d’Welt gefouert huet, oder op deene verschiddenste Plaze kenne geléiert huet.

Ob Méchelbuch, Italien, Spuenien, Portugal, Irland, de Balkan, Russland, Tierkei, Nordafrika, Kalifornien, a vill aner Plaze méi, d’Rennscheier zitt seng Kreesser ëmmer méi wäit.

 

Lëschteg an awer och nodenklech Erënnerungen un eng schéin Zäit, wou den Auteur mat interessante Leit ënnerwee war, an Europa an doriwwer eraus.




autor

Henri Losch

mehr erfahren

bücher des autors

De Kregéiler

mehr zum Buch