zurück zur übersicht

Tullio Forgiarini

Den Tullio Forgiarini gouf 1966 zu Lëtzebuerg gebuer. Säi Papp ass Italiener, seng Mamm Lëtzebuergerin. Hien ass Geschichtsproff zu Wolz. Hie schreift schwaarz Geschichten, meeschtens op Franséisch. Publizéiert goufe bis elo: Miss Mona (2000), La ballade de Lucienne Jourdain (2001), Carcasses (2004), Karnaval (2006), La énième mort de Ernesto Guevara de la Serna dit le Che (2007). Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik (2011) ass säin éischte Roman op Lëtzebuergesch.

Fir den Titel „Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik“ gouf hie mat dem European Union Prize for Literature 2013 ausgezeechent. D’Buch gouf ënnert dem Titel „Baby(a)lone“ verfilmt a koum 2015 an de Kino.

„Lizardqueen – Eine limbische Liebe” ass säin éischt Buch op Däitsch.


Erschienen bei Editions Guy Binsfeld

Lizardqueen

mehr zum Buch

weitere titel des autors

Lizardqueen

mehr zum Buch