Pol Pütz
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Pol Pütz (4.6.1947–3.7.2012) huet fir Revue a Cabaret geschriwwen. Seng Gedichter a Kuerzgeschichte goufen an Anthologien, Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert. Vill vu senge Wierker si vertount ginn. Hien huet och den Text fir den éischte Lëtzebuerger Musical „Hopp Marjänn“ (Musek: Pierre Nimax, 1980) geschriwwen.