zurück zur übersicht

Pol Greisch

De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der „Warte“, de „Cahiers luxembourgeois“, dem „Lëtzebuerger Almanach“, der „Galerie“, bei „Arts et Lettres“), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker,  vun deenen opgefouert goufen:

„Äddi Charel“ (1966), „Besuch“ (1969), „Ënnerwee“ (1978), „E Sieschter Räinetten“ (1980), „Grouss Vakanz“ (1980), „Viru mam Jabel“ (1981), „Margréitchen“ (1986), „De Bucki“ (1986), „De laangen Tour“ (1988), „Kellerzerwiss“ (1992), „E Stéck Streisel“ (1992), „E Platten“ (1995), „Léiwe Kleeschen“ (1997), „Eng Heemelmaus“ (1999), „Wanter & Aarme Louder“ (2001), „Kiischtebléien“ (2003), „Belle-Ile & Fënsterdall“ (2008), „Dame blanche“ (2010), „Äiskal“ (2015).

2000 koum „Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif“ (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman „Mäi Frënd Benn“ (Phi); 2009 „D’Sonnesäit“, „Gedichter a Geschichten“ (Phi); 2012 „De Monni aus Amerika, Geschichten“ (ultimomondo).

Präméiert goufen ë. a.:  1979 „Grouss Vakanz“ mam 1. Präis am Concours littéraire national;  d’Trilogie „Äddi Charel – Besuch – E Stéck Streisel“ mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an „De Monni aus Amerika“ mam Prix Servais 2013.

 

Foto Paolo Leoni, © Collection CNL


Erschienen bei Editions Guy Binsfeld

Tëscht Kaz a Kueder

mehr zum Buch

weitere titel des autors

Tëscht Kaz a Kueder

mehr zum Buch