zurück zur übersicht

Lex Roth

De Lex Roth, Joergank 1933; Formatioun am Lycée classique zu Dikrech, duerno an der Normalschoul; guff Schoulmeeschter an herno Professer fir Franséisch an Däitsch am Secondaire technique; vun 1980 un als Attaché a Conseiller an der Regierungsverwaltung.

Zënter 1971 setzt hien sech aktiv a besonnesch sozial-praktesch fir déi lëtzebuerger Sprooch an – ënner anerem am Kader vun der Actioun-Lëtzebuergesch. De Lex Roth huet nieft Dausende vu Radios- Emissiounen an Artikele rondrëm d’Lëtzebuergescht ëm déi 50 populär Wierker op Lëtzebuergesch iwwersat (Tintin, Asterix, Walt Disney-Albumen), grad ewéi Fabele vum La Fontaine. Hien ass selwer Auteur vun 200 Nummere „KLACK fir eis Sprooch“ a vu Bicher wéi „d’Milly-Maus an aner Dichtereien“ oder „d’Melusina“ a Prosa, sou wéi vum grousse Gedicht „de Grof Sigfrid an d’Melusina“ als kleng ‘literaresch Statu’ fir d’1050 Joer vum Bestoe vu Lëtzebuerg.


Erschienen bei Editions Guy Binsfeld

Melusina

mehr zum Buch

weitere titel des autors

Melusina

mehr zum Buch