zurück zur übersicht

Jean Schoos

De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. No der Première 1966 am Jongelycée ass hien op de Mathematikscours gaangen, fir '67 Chimie a Physik zu Heidelberg ze studéieren. Zwee Joer drop ass hien dunn awer op Psychologie a Soziologie ëmgeklommen. 1978 ass en heem op Lëtzebuerg komm, fir d’Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a jonk Leit, unzehuelen. An dëser Funktioun ass hie bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert gouf.

D’Krimiserie „Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“ ass säin éischt schrëftstellerescht Wierk. Den Auteur huet sech am Virfeld vill mat den historesche Realitéiten zu Lëtzebuerg beschäftegt an déi a säi fiktionale Krimi mat afléisse gelooss, wat dës Geschicht besonnesch interessant mécht.


Erschienen bei Editions Guy Binsfeld

Den drëtte Schlëssel

mehr zum Buch

weitere titel des autors

Den drëtte Schlëssel

mehr zum Buch