
WOOOW!!! LËTZEBUERG – D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song. Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht.

D’Erzielung Iesel ass e pechschwaarzt Bild iwwert d’Verréiung an der Gesellschaft. Gläichzäiteg probéiert s’och déi al Thees vum tockskäppegen Iesel als en dommt Déier ze widderleeën.

Dem Guy Rewenig säin neiste Wierk Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns ass eng Sammlung vu 15 Geschichten, déi mat vill Ironie, awer och mat schwaarzem Humor an heiansdo surrealem Witz verfaasst gi sinn.

Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge ass den éischte Roman vum Nico Helminger, dee bei den Éditions Guy Binsfeld erauskënnt. Den Autor erzielt Episoden aus dem Menn Malkowitsch sengem Liewen: wéi en no der Uni bei d’Post komm ass, wéi eng exzessiv sexuell Relatioun hien an eng Publicitéitsagence gefouert huet, wéi säi Bestietnis an d’Bréch geet an hie lues awer sécher de Verstand verléiert. Mee wien erzielt?

Auf der CD Die Nächte werden eine Auswahl von Liedern und Gedichten der letzten 5 Jahre vorgestellt, darunter einige Texte des bereits publizierten Buches Die Abreise, aber auch Neues von Michel Clees sowie je ein Text von Serge Basso de March und von Bertolt Brecht.
Thematisch befassen sich die Texte mit dem Zeitgeschehen, zeigen menschliche Unzulänglichkeiten auf und entführen in eine bizarr anmutende Sinnlichkeit, die in all ihren Widersprüchen und Absurditäten zutiefst menschlich bleibt.

Schaarf Munitioun ass no Den drëtte Schlëssel den zweeten Deel mam jonken, éiergäizegen Enquêteur René Fischbach. No enger Rei Ulafschwieregkeeten huet sech den Haaptpersonnage an de vergaangene fënnef Joer zu engem vun de beschten
Ermëttler an der Lëtzebuerger Gendarmerie entwéckelt, an dowéinst ginn him déi schwieregst Kriminalfäll iwwerdroen.

Déi beléiften Erzielunge vum Henri Losch aus „Koppeges a Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt“sinn an der drëtter Oplo do.
E Schoulmeeschter erënnert sech u koppeg a bosseg Situatiounen, déi en a sengem räiche Beruff erlieft huet, droleg Kanner, droleg Elteren, droleg Kollegen a Kolleginnen, droleg Paschtéier an droleg Notabilitéiten. A siechzeg Kuerzgeschichte léisst en net nëmme si déi rëm opliewen, neen, och déi Zäit an dee Milieu, an där déi Episoden sech ofgespillt hunn ...

An dësem Wierk setzt hien sech mat senge perséinlechen Erfarunge mat der Natur auserneen, déi hie scho säit senger fréister Kandheet begleet a gepräägt huet. Seng Léift a Faszinatioun fir alles, wat wibbelt a kraucht, krut hie vu sengem Bop an Urgroussbop vermëttelt, déi dem Auteur, wéi en nach e klenge Bouf war, e ganz besonnesche Kaddo gemaach hunn: E Bam.

La vie du narrateur bascule lors de sa rencontre avec Marie, une mystérieuse collectionneuse d’anges. L’aventure amoureuse dans laquelle il s’embarque dilue les frontières entre songe et réalité et le plonge dans l’univers de l’art, faisant ressurgir les fantômes de son enfance et réapparaître un ami de jeunesse.

Der komplett neu überarbeitete Bildband Discover Luxembourg, illustriert mit über 130 Fotos von Christof Weber, zeigt die schönsten Schätze der fünf offiziellen Regionen Luxemburgs – dieses vielfältigen Landes, mitten im Herzen Europas. Die fruchtbaren Felder der Region Guttland, die Hochöfen im Land der Roten Erde, die grünen Weinberge an den Ufern der Mosel, das Geschäftsviertel Kirchberg ...